Spontane Besuch vum Diane, eiser Partnerin vun Teatrobus am Chile, bei eisem Summer-paus-alaud-fest am Marscherwald.
Visite2.0…
5 Joer ANDAMOS
ANDAMOS ON TOUR
23.07.2013
Haut war eng Delegatioun vun Andamos bei engem Virtrag vum Martine Greischer, Cooperante vun der ONG „Eng Bréck mat Latäinamerika“, wat iwwert säi Projet zu Cochabamba geschwat huet. Am September 2012 huet Martine mat sengem Projet „trabajo digno“ Ënnerstëtzung fir eng wierdeg Aarbecht an engem klenge Büro am Zentrum vu Cocha ugefaang a konnt mat senger Initiativ bis ewell ëm 100 Leit encadréieren a begleeden op hirer Sich no enger Aarbecht. Méi dozou ënnert:
http://cercle.lu/ong/eng-breck-mat-latainamerika/art33/
https://www.facebook.com/martine.greischer
Mir besichen Martine bei eiser Visite am August zu Cochabamba.
Vill Spaass nach an der Vakanz ;o) bei denger Famill a Frënn a weiderhi vill Courage an Asaz fir däi Projet.
ANDAMOS ON TOUR
De 15. Juli huet Andamos e Scheck an der Heicht vun 11000 € vun de Grondschoulkanner vun Ierpeldeng bei Ettelbreck krit. Sie hun des Suen am Kader vun hierem Sponsored Run 2013 erschafft. Jiderengem deen dru bedeelegt war e ganz grousse Merci
ANDAMOS ON TOUR
Scheckiwwerreeschung zu Ettelbréck
Haut de Mëtteg hu mir e Scheck an der Héicht vun 1700€ vun den Ettelbrécker Guiden Ste Ermesinde iwwerreecht kritt. Des Sue sinn den Erléis vun hirer Ouschtereeëraktioun bei der si 6000 Eeër gefierft a verkaf hunn. E ganz grousse Merci u si.
http://ermesinde.lgs.lu/site/index.html
Konto ANDAMOS asbl.
Eis Kontosnummer ass: BCEE LU80 0019 2955 3635 3000
Wann dir eis gären en Don maacht oder e Parrainage iwwerhuele wéilt, gitt dëst weg als Vermierk bei der Iwwerweisung un.
Merci